• Café-Bei-den-Tutebattien-Gostingen

    Café Bei den Tutebattien

    6, rue Bildgen
    L-5424 Gostingen Luxembourg

    76 07 99

    Service
    Délais
    Prix
    62 évaluation(s) pour ce magasin

Description

De Café "Bei den Tutebattien" besteet säit dem 1. Dezember 2000.
Daat war eng Initiativ vun e puer Veräinsmemberen mat der Ënnerstëtzung vun eiser Gemeng e Freidescafé opzemaachen. Seng éischt Joeren sin am "aalen" Centre Culturel ofgehaalen gin. Am August 2006 sin mir dann an di aal Schoul geplënnert.
No der 1. Réouverture am Summer 2006 sin mir lo houfreg vum August 2014 nachmol eis trei Klientelle an engem neien Look z'empfänken. 

Mir sin e Freidescafé, daat heescht mir sin all Freides op, ausser wann e Freideg op e Feierdaag fällt oder duerch soss en speziellen Ulass.
Daat lossen mir eis Klientelle awer mat Zäiten wëssen.
Fir dee klengen Honger get och gesuergt, mir zerwéieren iech selwergemaachten Bréidercher oder e gudden Croque Monsieur.

Puermol am Joer get aus engem "normalen" Freideg och en speziellen Freideg, do zerwéieren mir eisen Leit och mol eng gut Patésschmier oder mol e Wëldmenu.
Karfreideg hun mir och eppes op der Menüskaart stoen, do muss een sech awer umellen, grad sou wéi am Hierscht, wou mir lo schon iwwer 12 Joer e Mullenowend maachen.

 



6, rue Bildgen
L-5424 Gostingen

76 07 99

Vendredi        17.00-01.00 hrs 


Activités

  • Hôtel, restaurant, bar et café
  • Food & Non-Food