Léierscheier eng Platz fir fräi Fortbildungen
D'Léierscheier läit an enger roueger Lag, mat engem emolege Panoramablick iwwert d'Lëtzebuerger Ländchen zu Buurschent.
Dir wollt Iech als Dozent ausprobieren, oder hutt Erfahrung als Dozent an Dir sicht eng e bëssi aaner Plaaz! Ma da kënn Dir d'Léierscheier lounen.
Main Numm ass Christophe Ludovicy
Councelor grad. In Begegnungstherapie BVPPT
Zënter dem Joer 2006 schaffen ech als fräischaffenden Dozent, a sinn a Lëtzebuerg, sou ewéi am däitschsproochegen Europa ënnerwee.
Ech hunn ënner aanerem eng Ausbildung als Altenpfleger an als Dozent fir de psychobiographesche Fleegemodell nom. Prof. Erwin Böhm, wéi och als Liewens-begleeder (Begegnungstherapeut) a Beroder.
An der Zwëschenzäit hunn ech 20 Joer Erfahrung an der Betréiung vun demenziell verännerte Mënschen, wéi och mat Mënschen mat Verhalensopfällegkeeten.
Bis dato kann ech behaapten iwwer 4000 Léit ënnerriicht ze hunn, a verfügen iwwert eng grouss Erfahrung wat dëst ugeet.
D'Lëtzebuerger Geschicht vum leschte Jorhonnert, mat Schwéierpunkt 1930-1960, ass meng grouss Leidenschaft.
D'Wuerzele vun engem Vollek, seng Bräich, si mir och e Kursangebot wäert.
Dernierft schréiwen ech bal zënter 5 Joer fir verschidden Zeitungen am In- an Ausland zu menge verschiedene Fachgebidder.
E kuerzen Iwwerbléck iwwer eisen Themenkatalog:
- "Wann op eemol d'Dëppe voll ass" - Néi Wer am Ëmgang mat Agressiounsverhalen vu Mansche mat der Diagnose Demenz. Wann ee bemol läng do steht - Familljebegleedung fir pflegend Familien vu Mansche matt Demenz.
- Teamcoaching - Begegnen, Erkennen und Fühlen Teamentwicklungsbegleitung
- Sexualitéit an der Demenz - "Der Mensch verliert nicht den Wunsch berührt zu werden, sondern die Menschen die ihn berühren"
- Lëtzebuerger Geschichte 1839-1960 - D'Wichtegkeet vun der Geschichte am Pfleegesecteur
- Lëtzebuerger Gebräicher - Umsetzung an Hannergrondwëssen iwwer de lëtzebuerger Brauchtum
- Yogacoursen mam Petra Buser a Yogaseminaren matt Fachleit aus ganz Europa
- Foussreflexzonemassage beim Andrea Ludovicy
Aaner Coursen an Informatiounen op eiser Internetsäit www.leierscheier.lu oder iwwer den 26 95 94 77
Christophe an Andrea Ludovicy